Vu gëscht bis haut

1897

Den 1. Mee 1897 gouf d’Fanfare Wellenstein gegrënnt.

1900

Déi nach jonk Musek huet an dësem Joer hier éischt Optrëtter.

1922

Dëst Joer ass d’Fanfare Wellenstein 25 Joer al ginn.

1947

D’Fanfare Wellenstein gëtt 50 Joer al an gëtt sech en neien Start ënnert hirem neien President dem Schneider Nik. D’Feierlechkeeten zum 50ten Anniversaire waren awer net grouss well d’Leed vum Krich nach vill ze grouss war.

1948

Aus der Fanfare Wellenstein gëtt d’Société de musique et sapeurs-pompiers Wellenstein. Ab elo dierf d’Musek och beim Fakelzuch beim groussherzoglechen Gebuertsdag vir mat marschéieren an organiséieren all Joers frou Wäin- an Drauwefester, déi all Joer vill Visiteuren an eist Duerf lackelen. D’Musek leet ab 1948 och musikalesch den traditionnellen Proufdag an der Genossenschaftskellerei an. Si gëtt och den Optakt vun

1972

D’Société de musique et sapeurs-pompiers Wellenstein feieren hier 75 Joer an dat den 29ten an 30ten Juli op der Welleschter Kiermes.

1982

D’Musek an d’Pompjee hunn sech getrennt an aus der Société de musique et sapeurs-pompiers Wellenstein gëtt d’Fanfare Wellenstein. Ab dësem Joer geet d’Musek mam Willibrordsveräin zesummen ob d’Sprangprëssessioun op Iechternach.

1992

De Serge Schoentgen hält als Dirigent vun der Fanfare Wellenstein op a gëtt d’Direktioun weider un de Romain Asselborn.

1993

Den Roby Krier-Heinitz hält als President vun der Fanfare Wellenstein ob an gëtt d’Verantwortung weider un den Vic. Risch-Schintgen als neien President vun der Fanfare Wellenstein.

1996

Aus der Fanfare Wellenstein gëtt d’Welleschter Musek.

1997

D’Welleschter Musek feiert hiren 100ten Anniversaire.

2013

De Vic. Risch-Schintgen hält als President vun der Welleschter Musek op a gëtt d’Verantwortung weider un d‘ Véronique Vandendries als nei Presidentin vun der Welleschter Musek.

2016

No bal 25 Joer hält de Romain Asselborn als Dirigent vun der Welleschter Musek op a gëtt d’Direktioun weider un den Norbert Schmitz.

2017

Dëst Joer feiert d’Welleschter Musek 120 Joer. Mir freeën eis dësen Anniversaire mat iech dierfen ze feieren!