Gala Concert 2018

Gala Concert 2018

Welleschter Musek goes Water @ Biodiversum

D’Welleschter Musek invitéiert Iech häerzlech op hiere Gala Concert dee ganz am Zeeche vum Thema Waasser steet.
De Concert gëtt am schéine Kader vum Naturschutzzentrum Biodiversum zu Remerschen gespillt.

Ufank 20:00 Auer

D’Dire sinn op vun 19:00 Auer un

Fir de klengen Honger an eppes ze drénken ass gesuergt.

 

Fréijoersbotz 11.03.2017

Fréijoersbotz 11.03.2017

 

De Samschdeg um 9h00 hu mir zu puer aus der Welleschter Musek (Paul Gales, Gilles Gerges, Luc Gerges, Gilles Vandendries an Véronique Vandendries) deel geholl un der Fréijoersbotz zu Welleschten/Schwéidsbengen.

Fand hei e puer Fotoe vun der Fréijoersbotz.

Äre Comité

Neie Member an eisem Comité

Neie Member an eisem Comité

No der Generalversammlung vum 5. Februar 2017 si folgend Memberen aus dem Comité ausgetrueden:

Estgen Gilles
Vandendries André

Nei am Comité dierfe mir den Vandendries Gilles begréissen a freeën eis ob eng schéin Zesummenaarbecht mat him.

Äre Comité

 

Generalversammlung – 05.02.2017

Generalversammlung – 05.02.2017

1 Joer ass séier vergaangen a schonn erëm hu mir eis Generalversammlung.

Dëst Joer mat e puer Ännerungen, mee kommt laanscht a loosst dat lescht Joer mat eis Revue passéieren an loosst eis zesummen no vir an déi nei Saison kucken.

Bis den 05.02.2017 um 11h00 am Centre Albaach zu Bech-Maacher!

Äre Comité vun der Welleschter Musek