De 24.11.2018 huet d’Welleschter Musek op hire Cäcilie-Concert am Centre Albach zu Bech-Maacher ënnert dem Motto « la musique belge » invitéiert.

D’Rees duerch déi musikalesch Belsch huet de Spectateur iwwert Stecker vu bekannte belschen Arrangeure wei dem Andre Waignein, Luc Gistel oder dem Jean-Pierre Haeck geféiert.
Eng Hommage un den Adolphe Sax gouf a Form vun engem Solo-Stéck fir Saxophone dem gutt besichten Concert gebueden.
Interpretatioune vu rezenten a moderne Wierker huet de Concert, deen ënnert der Direktioun vum “petit belge” Serge Parisi stoung, ofgeronnt.
Den Aender Vandendries huet duerch seng bekannt a charmant Aart a Weis duerch de Programm geféiert an d’Stécker mat interessante Faiten ugekënnegt.

Am Kader vun der Feier goufen 3 Musikantinne fir hier jorelaang Déngschter an der Musek ausgezeechent:
fir 20 Joer: Judith Risch;
fir 30 Joer: Tessy Goldschmit a Jeannine Schons.

Nom Concert huet d‘Musek op e gemittleche Patt invitéiert.
Nieft de bekannte Miseler Wäiner gouf et och eng Auswiel vun 3 verschidden Zorte belsche Béier.
Fir den Honger ze stëlle gouf de Leit Ham, Fritten an Zalot zerwéiert.

Programm vum Concert:
Liberation Fanfare – arr. Andre Waignein
Dos danzas Latinas – arr. Andre Waignein
Little Song – arr. Jean-Pierre Haeck
Sax in the City – arr. Alain Crepin (Solo: Josiane Schons)
She loves to dance – arr. Jean-Pierre Haeck
You raise me up – arr. Roland Smeets
Stromae – arr. Leonard Chevalier
(Bis) Ole Ole Fiesta – arr. Luc Gistel