Neit Joer… nei Location… neien Datum… neien Dirigent… neie Programm… Den 21. Mee 2017 entféiere mir Iech an d’Welt vun de Filmer. Dëst Joer net méi an der Kellerei zu Bech-Maacher mä am Centre Maus Ketty zu Boermereng. Weider Informatioune kommen no!
Monat: Februar 2017
Neie Member an eisem Comité
No der Generalversammlung vum 5. Februar 2017 si folgend Memberen aus dem Comité ausgetrueden: Estgen Gilles Vandendries André Nei am Comité dierfe mir den Vandendries Gilles begréissen a freeën eis ob eng schéin Zesummenaarbecht mat him. Äre Comité
120 Joer Welleschter Musek
Dat wëll gefeiert ginn.Dofir huet d’Wellescher Musek duerch d’Joer och e puer Manifestatiounen speziell fir dësen Anniversaire ze feieren.Méi Informatiounen kommen deemnächst!
